Aféierung

Wat äntwere jee no Alter?

D’Gespréich mat Ärem Kand iwwer emotional a sexuell Gesondheet sollt schonn an engem fréien Alter geféiert ginn, fir en einfachen Dialog tëschent Iech an Ärem Kand z’erméiglechen.

REMARK: Den Alter vun engem Kand oder enger Persoun kann dem Grad vun der allgemenger (z. B. geeschteger) Entwécklung entspriechen an net dem chronologeschen Alter (opgrond vum Gebuertsdatum). Et sollt een ëmmer heirop Uecht ginn.